RTL Sport Live Arena


20 March 2021

D'RTL Sport Live Arena ass déi nei digital Plattform, déi zesumme mat de Federatioune vun de véier grousse Kollektiv-Sportaarte lancéiert gouf. Kuckt d’Matcher vun der BGL Ligue, Total League, Axa League an der éischter Divisioun vum Volleyball, live an am Replay op rtlsport.lu, der RTL App an op PostTV (Kanal 93). (-> rtl.lu/sport/live-arena)
Dëse Weekend start den éiergäizege Projet, ma leider sinn d`Terrainen an der Stadt Lëtzebuerg nach net mat den néidegen Kameraen ékippéiert, sou dat de Match géint den Racing e Samsten nach net iwwerdro kann ginn.
An ganz noer Zukunft werten d`Matcher vum Swift awer och all vun Ausserhalb kënnen verfollegt ginn!