Transfer: Cédric Sacras & Geordan Dupire


17 May 2021

Den FC Swift Hesper ass frou Iech déi éicht zwee Neizougäng fir d‘Saison 2021/22 presentéieren ze kënnen!
 
CÉDRIC SACRAS (24)! De Cédric ass bis 2011 schon zu Hesper an eiser Jugend forméiert ginn ier et bei den FC Metz gewiesselt ass. No der U17, U19 an der 2.Ekipp ass de Cédric 2016 erem op Lëtzebuerg komm. Zu Esch bei der Fola huet hien dun BGL-Ligue-Loft geschnuppert. Elo féiert hien säin Wee zeréck op den Hesper Holleschbierg! Häerzlech Wëllkomm!
 
GEORDAN DUPIRE (27): Vum US Hueschtert wiesselt den 27 talentéierten Goalkeaper Geordan Dupire bei de Swift. An der Vergangenheet huet hien ennert aanerem bei Virton gespillt. Hien hëllt dem Guillaume Cappe seng Platz an, den sengersäitzs bei den FC Déifferdeng 03 wiesselt, a wäert sëcherlech eng gutt Stäip fir de Jonathan Joubert an den Tom Keup am Hesper Goal sinn!
 
Bienvenu Geordan, et bonne Chance Guillaume!