Transfer: Mickael Garos


02 June 2020

E weideren, schon läscht Woch annoncéierten Transfer ass elo offiziell. F91 Diddeleng, FC Déifferdeng 03, Progres Nidderkuer. Daat sinn déi läscht Statiounen vum Mickael Garos gewiecht, ier en sech fir d'Saison 2020/2021 entschloss huet seng Erfahrung a säin Talent um Hesper Holleschbierg an den Asaz ze brengen! Mat him wiesselt e weideren starken Spiller bei de Swift.
Häerzlech Wëllkomm, Mickael!