Unioun Mertert/Wasserbelleg 2:5 FC Swift Hesper


20 October 2019

Um Freidegowent stoung en weideren Match an der Éierepromotioun um Programm. Auswärts ass et zu Mertert drems gang endlech erem 3 Punkten ze huelen. De Match huet aus Hesper Siicht net gudd ungefang, no zwee fréien Goaler stoung et an der Halbzeit schon 2:0 fir d'Lokalequipe. An den zweeten 45 Minutten huet de Swift en aanert Gesiicht gewisen. Bannend nemmen 5 Minutten huet et 3 mol am Fillet vun der UMW gerabbelt ier ebessen méi spéit op 2:4 erhéicht konnt ginn. An der Schlussphase koum dun nach en Selbstgoal dobäi, sou dat zum Schluss mat engem kloeren 2:5  Erfolleg déi 3 Punkten mat zeréck op Hesper gang sinn.