US Hueschtert 0:3 FC Swift Hesper


16 May 2021

Am Match géint d'US Hueschtert ass et fir Hesper op friemem Terrain eng 3:0-Victoire ginn. D'Gäscht louchen duerch e fréie Gol vum Stolz a Féierung a konnten an der zweeter Hallschent nach am Numm vum Corral a Mélisse op 3:0 erhéijen. Duerch déi dräi Punkte léisst Hesper also d'Fola hannert sech a steet elo zësumme mat Diddeleng un der Tabellespëtzt.