Weider Victoire géint Käerjeng!


15 November 2022

Mat engem 4:2 fir Hesper päift den Här Sgura de Match of an dat war mat Sécherheet méi schwéier fir de Swift wéi se sech dat virum Match virgestallt hunn. Nodeems den Delgado de Swift a Féierung bruecht hat, konnt Käerjeng iwwerraschend nach virun der Paus de Match dréinen. Dono ass Hesper mat vill Tempo aus de Kabinne komm an hunn op de Käerjenger Gol gedréckt. Séier ass hinnen dann och den Ausgläich gelongen a konnten dono nach 2 Goler noleeën.
rtl.lu