Bis elo waren d`Bambini eis jénksten Spiller. De Rang trieden si lo un eis neisten Ekipp oof. Mam Projet "Babyfoot" bidd d`Swift Academy Jongen a Meedecher tëschend 3 a 5 Joër un zesummen mat hieren Elteren sech lues a lues op eng spilleresch Art a Weis mam Thema Futtball ze beschäftegen. Dobäi gëtt et natierlech weder Matcher, nach e Championnat oder soss en kompetetiven Charakter, et geet just ëm de Spass um Sport. Trotzdem sinn si eng eegen Ekipp, mat eegenen Uniformen an Trikoten! No der Kategorie "Babyfoot" geet et dann weider an d`Ekipp "Bambini".