30 Joer Traditioun

Den Eurocup ass den traditionellen Jugendtournoi, den säit 1991 all Joer um Péngschtweekend organiséiert gëtt. Um Péngschtsonndeg an och um Péngschtméindeg sinn déi verschidden Alterskategorien, daat vun de Bambinis un, am Asaz!

Op Grond vun der Covid-19 Kriis huet d`Turnéier 2020 an 2021 leider missten ausfaalen.

Eurocup 2022

Um Pengschtweekend 2022 steet den traditionellen Eurcoup an der Agenda. Nodems d‘Covid19 Pandemie et déi läscht Joeren leider onmeigeleg gemaach huet den Tournoi ze organiséieren, get déi 29. Editioun vum Tournoi dëst Joer endlech erem geplangt. Den 05. a 06. Juni 2022 mossen sech Jugendekippemn aus dem In- an Ausland um Hesper Holleschbierg.

05.Juni 2022
: Minimes (U13) an Bambinis (U7)
06.Juni 20221: Poussins (U11) an Pupilles (U9)

Bekannten Veräiner

Iwert d`Joeren waren niewt de lokalen Veräiner aus dem In- an Ausland emmer mol nees grouss Veräiner zu Gaascht um Holleschbierg:
 
Benfica Lisbonne (P), FC Sporting Lisbonne (P), FC Porto (P), FC Twente (NL), Feyenoord Rotterdam (NL), FC Bayern München (D), KVC Westerlo (B), Fortuna Sittard (NL), FC Metz (FR), Stade de Reims (FR), AS Nancy Lorraine (FR) oder och Koninglijke Berchem Sport (B).