Säit 1916

Den FC Swift Hesper (offiziell F.C. Swift Hesperange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Hesper. E besteet schonn zanter dem 2. Juli 1916. D'Veräinsfaarwe si rout a wäiss.

1984/85 war en Tournant an der Veräinsgeschicht vun Hesper. D'éischt Seniorsequipe ass no zwou Saisonen an der Éierepromotioun an d'Nationaldivisioun gestigen a konnt sech do bis 1991/92 behaapten.

1993/94 gléckt den Hesper zwar de Retour an d'iewescht Spillklass, dofir si se an den zwou Saisonen drop dunn awer direkt zweemol hannereneen, bis an d'éischt Divisioun, zréckgefall. De Veräin erkritt sech séier a klemmt 1996/97 an d'Éierepromotioun. Zanter der Saison 2001/02 ginn zu Hesper nees Nationaldivisiounsmatcher gespillt.

Gréisste Succès vum Swift war d'Victoire géint d'AS Déifferdeng (3-3 n.V. 7-1) an der Finall vun der Coupe de Luxembourg 1989/1990.

D'éischt Equipe spillt hir Matcher am Stade Alphonse Theis zu Hesper. De Stade huet Plaz fir 4 100 Spectateuren. Dovu si 600 Sëtzplazen op der Tribün an 3 500 Stéiplazen op de Gradinsën a laanscht d'Clôture. Aner Terrainë sinn den alen Terrain um Holleschbierg an en drëtt, méi klengt Spillfeld mat syntheteschem Wues.

 

 

D'Equipe 1990/1991