3:1 Victoire géint Miersch

14th May 2024

club logo

Football Club Swift Hesper

Um Sonndeg gewënnt de Swift doheem mat 3:1 géint den FC Marisca Miersch!

De Lucas Correia huet de Score an der 55.Minutt opgemaach ier nemmen 3 Minutten méi spéit de Jerry Prempeh no enger Noutbrems mat Roud vum terrain geschéckt ginn ass. An Ennerzuel huet de Swift weiderhin dogéint gehaal. No 74 Minutten konnt den Ricky Delgado op 2:0 erhéigen, ma nëmmen 3 Minutten méi spéit huet de Benny Bresch op 2:1 verkierzt. An der Schlussphase konnt den Luca Ferrara nach den 3:1 markéieren.

Fotograféiert vum Albert Krier

image