RFCUL 0:3 FC Swift Hesper


08 August 2021

Den 1. Match vun der Saison 2021/2022 an der BLG Ligue ass mol direkt no 7 Minutte wuertwiertlech an d'Waasser gefall. Den Arbitter huet de Match deen Ament nämlech ënnerbrach, well et ze hefteg gereent huet.

No ronn 20 Minutten Ënnerbriechung, ass de Match awer nees ugepaff ginn.

An der 20. Minutt ass Hesper no engem Corner duerch e Kappball vum Tom Schnell mat 0:1 a Féierung gaangen. De Racing hat keng Zäit sech vum Réckstand ze erhuelen, do huet et och schonn 2 Minutten drop eng zweete Kéier gerabbelt, dat no engem Schoss vum Stolz, deen op 0:2 erhéicht huet. Mat deem Resultat ass et dunn och an d'Paus gaangen.

Eng kal Douche gouf et fir de Racing an der 48. Minutt, obwuel et deen Ament net méi gereent huet. De Sacras huet mat engem Sonndesschoss aus 25 Meter de Score op 0:3 erhéicht.

Déi Hesper hu sech déi Victoire net méi huele gelooss a gewannen um Enn verdéngt mat 0:3 beim Stater Racing.


Artikel: rtl.lu