E batteren Remis zu Rouspert


28 November 2022

Zu Rouspert sollt no 90 Minutten keen Goal faalen. De Swift hat de Match zwar déi ganz Zäit am Grëff, me géint eng immens defensiv agestallten Lokalekipp sollt um Enn keen Treffer geléngen. Domat fällt de Swift erem op déi 2.Plaz vum Klassement zeréck.