Coupe des Reserves: De Swift gewënnt den Derby!


19 February 2024

An der Coupe des Reserves ass et géint den Nopeschveräin vun Izeg den Owent um Terrain Robert Thill em d‘Erreechen vun de Véierelsfinalle gang. D‘Gäscht vun Izeg hun lang gudd dogéint gehal an et sollt ronn eng Hallewstonn daueren bis et eng éicht Kéier rabbele sollt. Dun goung et allerdengs méi séier sou dat zur Paus well en 4:0 Fiersprong fir relativ kloer Verhältnisser gesuergt huet. D‘Gäscht hun bis zum Schluss gekämpft, um Enn bleiwt dann awer eng souverän Victoire ze notéieren.