Hart erkämpften Victoire zu Wolz!


03 March 2024

Ganz hart akämpften Punkten haut zu Wolz! Nodems de Swift no 20 Minutten well 2:0 a Féierung louch, daat duerch zwee perséinlech Goaler vum Kapitän Dominik Stolz, konnt d‘Lokalekipp kuerz drop op 1:2 verkierzen. An der 28.Minutt huet de Swift sech dun selwer e Been gestallt, daat duerch en onglécklechen Eegengoal vum Danté.
An der Paus stoung et demno trotz däitlechem Chanceplus op Hespersäit "just" 2:2. Direkt no der Paus konnt de Raphael Holzhauser op 2:3 erhéigen ier d‘Lokalekipp just 6 Minutten méi spéit erem egaliséieren konnt. An der 66.Minutt ass den Danté dun no enger Noutbrems mat Rout vum Terrain gescheckt ginn, déi läscht Hallefstonn war Hesper dun an Ennerzuel. An der 73.Minutt huet de Ricky Delgado de Swift erem a Féierung geschoss, ma just 3 Minutten drop huet Wolz op en Neits ausgeglach! Wien beim 4:4 gemengt huet et wier faerdeg, den huet net mam Raphael Holzhauser sengem fantasteschen Fräistouss an der 85.Minutt gerechend. Mat 4:5 ass desen intensiven Match zu Gonschten vum Swift ausgang. 3 ganz ganz hart erkämpften Punkten!