Victoire fir de Staart vun de Playoffs!


14 April 2024

An engem spannenden Match konnte sech eis Dammen doheem géint Mamer duerchsetzen. Am éichte Match vun de Playoffs huet d‘Louise Martineau de Swift no 13 Minutten a Féierung bruecht. Grad an der 2. Hallschend hun d‘Gäscht op den Ausgläich gedréckt, d‘Défence huet dem Drock awer Stand gehaal. Kuerz virun Schluss konnt d‘Myriam Zanoubi dann den 2:0 markéieren an d‘Victoire kloer maachen! Nächst Woch geet et dann bei de Staater Racing!