Keng Punkten am Spëtzematch zu Déifferdeng


21 April 2024

No 90 Minutten steet et fest: De Swift kann de Championstitel net verdeedegen. No der 2:0 Defaite zu Déifferdeng ass den Punktereckstand op d‘Spëtzt op 12 Punkten gewuess, daat 5 Matcher virum Schluss. De Match war ausgeglach, um Enn war Déifferdeng awer méi efficass virum Goal a konnt mat 2 Goaler bannend 10 Minutten d‘Saach kloer maachen.

Fir de Swift bleiwt elo d‘Missioun déi 3.Platz ze verdeedegen, an e Mettwoch an der Coupe eng Ronn weider ze kommen!