3.Platz nom 6.Spilldag


29 April 2022

No de Partië vum 6. Spilldag an der Orange eLeague am FIFA22, gëtt d'Äis dënn fir U.N. Käerjeng, déi elo punktgläich knapp virun Unioun Réimech/Bous leien.

Op der 3. Plaz läit mat nëmmen 1 Punkt manner, nämlech mat 60 Punkten den FC Swift Hesper. Och d'Ekippen op de Plaze 4 bis 6 sinn extrem no un der Spëtzt vun der Tabell drun, sou dass et absolut spannend bleift zum Schluss vun dëser Saison. Op der leschter Plaz läit den Ament den FC Berdenia Berbourg, mat 10 Punkten.