FC Swift Hesper 1:1 AS Jeunesse Esch


08 May 2022

1:1 trenne sech de Swift Hesper an d'Jeunesse Esch um Holleschbierg. Schonns zanter der 15. Spillminutt hunn déi Hesper just nach zéng Mann um Terrain gehat. De Malget hat am Strofraum d'Noutbrems gezunn. De fällegen Eelefmeter huet den Dupire konnten halen. D'Jeunesse ass dunn mat engem Mann méi, besser an de Match komm. Ma de Swift huet sech awer net hanne verstoppt. Direkt no der Paus konnt den Kyei den 1:0 fir seng Faarwe markéieren. D'Lokalekipp huet probéiert an Ënnerzuel de Score nach ze egaliséieren. An der Nospillzäit huet den Terki no engem Fräistouss de verdéngten 1:1 markéiert. De Swift huet gekämpft an der zweeter Hallschent an et net umierke gelooss, dass si ee Mann manner um Terrain stoen haten. D'Escher hunn et knapp verpasst dräi Punkte mat Heem ze huelen. Fir de Swift fillt sech dee Punkt awer net wéi e gewonnene Punkt un, wann een d'Tabell nom 28. Spilldag kuckt.

Artikel: rtl.lu