US Mondorf 1:2 FC Swift Hesper


22 August 2021

Um 3.Spilldag an der BGL-Ligue huet de Swift mat 2:1 zu Munneref gewonnen. Zwar war d‘Lokalekipp bis baal zur Halbzeit a Féierung, kuerz virun der Paus konnt den Hamidou Séné awer ausgläichen. An den zweeten 45.Minutten huet den Dominik Stolz de Match gedréint an domat fir déi wichteg 3 Punkten fir de Swift gesuergt!